image/svg+xml
  • Home
  • Klouschter
      • Back
      • Klouschter a Kapell

Home

Startsäit

Details
Written by: Administrator
Category: Uncategorised
Published: 01 January 2020
Hits: 157

Häerzlech wëllkomm am Klouschter „Bethlehem”, Klouschter vun de Benediktinerinne vun der éiweger Ubiedung zu Peppeng.

Och wann am Moment keng Gemeinschaft vum Uerde vum Hellege Benedikt méi am Peppenger Klouschter lieft, sou verléieren d’Membere vun der « Association du Monastère de Peppange, association sans but lucratif » awer weder d’Missioun nach d’Traditioun vun de Benediktinerinnen déi zënter 1883 do gewierkt hunn aus den Aen a versichen d’Klouschter esou gutt wéi méiglech senger Bestëmmung ze erhalen. Ganz nom Motto vum Benediktineruerden - ORA ET LABORA - soll d’Klouschter weiderhin eng Plaz vu Gebied an Aarbecht bleiwen, en Uert vu Rou a Begéinung sinn, a virun allem en Haus vum Härgott.

D’Stëllt an der fréierer Klausur (haut „Privat”) soll ëmmer nach respektéiert ginn genau esou wéi d’Hospitalitéit vun de Benediktinerinnen (haut Kaffi a Kuch no dem sonndeegleche Gottesdéngscht) weider bestoe soll.

Wichteg ass de Membere vun der Associatioun awer och de gudde Kontakt zu aneren Abteien, Prioraten a Kléischter vum Benediktineruerden, wéi z.B.

  • zu de Benediktinerinnen an deem Klouschter dat 1899 vu Peppeng aus gegrënnt ginn ass, der heiteger „Benediktinerinnenabtei vom Heiligen Kreuz” zu Herstelle an der Diözes Paderborn, wou d’Benediktinerinnen Peppeng ganz léif „unser Mutterkloster” nennen,

an och

  • zu de Benediktinerinnen aus deeër Abtei, déi 1962 vun Herstelle aus gegrënnt ginn ass, d’„Benediktinerinnenabtei Kloster Engelthal” an der Wetterau (Hessen), wou Peppeng ganz häerzlech „unser Grossmutterkloster” genannt gëtt.

Och zu villen anere Kléischter, Prioraten an Abteien, net nëmme vum Benediktieneruerden, mee och vun aneren Uerden a Congrégatiounen, hu verschidde Membere vun der Associatioun e ganz häerzleche Kontakt.

Eis Internet-Säit, déi nach am Opbau ass, ass e Versuch Iech d’Peppenger Klouschter méi no ze bréngen, op munch Froen eng Äntwert ze ginn a munch Informatiounen déi sech op d’Archive vum Klouschter beruffen, also aus éischter Hand kommen, kloer ze stellen.

© Gantry Framework 2016 - 2026
Developed by RocketTheme exclusively
for Gantry 5.
  • Gantry
  • Documentation
  • Download
Back to top