Klouschtergebai mat Kapell

 

Am Joer 1881 keeft en Här zu Peppeng e klengt Bauerewiesen genannt „Kneppesch Haff” a baut et mat der grousser finanzieller Ënnerstëtzung vun enger Damm, verschiddenen Donateuren a mat der wäertvoller, fräiwëlleger Hëllef vun de Peppenger Duerfbewunner als Klouschter ëm.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Foto - Archives Monastère de Peppange

 

1882 hunn d’Ëmbauaarbechten ugefaangen. Déi al Scheier, d’Fudderkichen an d’Ställ sinn ofgerappt ginn a niewent dem Haapthaus, dat ëm déi 1775 gebaut gi war, ass e neie Bau mat Kapell a Nonnenzellen entstanen.

 

 

Aus dem fréiere “Gesindehaus” wou d’Déngschtmod an de Kniecht ënnerbruet waren si Wirtschaftsgbei vum Klouschter mat Scheieren a Ställ entstanen.

 

 

 

Foto - Archives Monastère de Peppange

Als Klouschter “Bethlehem” vu Peppeng besteet d’Haus zënter dem Joer 1883 wou de 9. November d’Benediktinerinne vun der éiweger Ubiedung vum Allerhellegste Sakrament, déi ënnert dem Bismarck 1875 aus Däitschland geflücht waren a vun den Elisabetherinnen zu Beetebuerg opgeholl gi waren, agezu sinn. D’Klouschtergebai huet deemools eng Kapell um éischte Stack gehat a Klouschterzellen fir 28 Nonnen.

 

Bis 1892 huet de Besëtzer vum Klouschter d’Haus mat de Ställ an de Gäert dem Konvent vun de Benediktinerinnen zur Verfügung gestallt. D’Benediktinerinnen, déi deemools “Asylantinnen” an eisem Land waren, hate weder dat néidegt Geld nach déi legal Basis fir selwer dat Haus ze kafen.

De 27. Januar 1892 konnte 4 Dammen aus dem Konvent als Zivilpersounen ënnert hire Meederchersnimm d’Klouschter kafen.

 

Wéint de ville Nei-Antrëtt huet d’Klouschtergebai 1904 misse vergréissert ginn.

 

No Pläng vum deemolege Staatsarchitekt Sosthène Weis ass dee rouden Zillebau entstanen mat grousser neier Kapell, Sprechzëmmeren an enger Wunneng fir den Aumônier mat direktem Accès zur Friemekapell. Fir dëse Bau ze realiséieren huet leider dat alt Kneppesch-Wunnhaus missen ofgerappt ginn.

 
   

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Foto - Archives Monastère de Peppange

1932 hu sechs Dammen aus der Benediktinerinnegemeinschaft eng Vereenegung ouni Gewënnzweck gegrënnt an déi deemoleg dräi Besëtzerinnen hunn d’Klouschtergebai asw. der - “Vereinigung von Schwestern der ewigen Anbetung - Vereinigung ohne Gewinnzweck” iwwerdroen.

 

Während dem 2. Weltkrich huet d’Klouschter eng manner schéin Zäit erlieft. D’Nazi hunn et a Beschlag geholl, d’Benediktinerinnen erausgeheit an d’Gebai als „Lehrerbildungsanstalt” ëmfunktionéiert. Mauere sinn eraus gerappt ginn, aner Mauere gebaut a Béi zougebaut ginn. All sakral Elementer hu misse verschwannen an dat schlëmmst ass mat der Kapell geschitt. D’Kapell war ganz ausgeraumt ginn. Aus dem Haaptschëff ass en Turnraum ginn an am Chouer war den Duschraum. Fir dass näischt méi sollt un e Gottesraum erënneren sinn d’Mauere vun der ganzer Kapell gewäisst ginn.

 

Gläich nom Enn vum 2. Weltkrich sinn déi verdriwwe Nonnen no a no zeréck an hiert Klouschter komm a hu versicht erëm Uerdnung an dat Ganzt ze bréngen. Och déi wäiss “Faarf” aus der Kapell konnt ganz ewech gemeet ginn. Den Usträicher Pino Riva hat d’Maueren anstatt mat wäissem Lack, wéi vun de Nazi gefuerdert, mat Kallek ugestrach.

 

No dem Krich ass et am Klouschter méi roueg weider gaangen. Et goufe munch Aarbechten um Haus gemeet awer keng gréisser Ännerungen. Vu 1976 un konnten 2 duerno bis zu 10 Zëmmer u Studentinne verlount ginn, déi do an der Stëllt vum Klouschter konnte fir hir Prüfungen resp. Examen léieren.

 

Am Joer 1981 ass e Lift gebaut ginn deen op all Stack an Zwëschestack Zougang hat, esou dass déi al Benediktinerinnen mat Rollator a Rollstull et méi liicht hate fir an d’Kapell oder de Réfectoire ze kommen.

 

Den 12. Oktober 2007 huet de Conseil de Gouvernement d’Klouschter vu Peppeng als Nationalmonument klasséiert.

 

2014 sinn d’Fënstere mat der Bläiverglasung am Réfectoire restauréiert ginn. Déi Aarbechte si vu Sites et Monuments subventionéiert ginn.

 

Vun 2015 un ass d’Klouschter de Siège social vun engem vun den zwee päpstlechen Uerden dem „Ritteruerde vum Hellege Graf zu Jerusalem”. Deen Uerden huet do verschidde Reim fir Versammlungen, Archiven, Material, asw. ze stockéieren.

 

Am Laaf vum Joer 2017 ass d’Hostiëbäckerei an méi e groussen a ganz renovéierte Raum ëmgezunn.

Am selwechte Joer ass d’Nordwestfassad an d’Südwestsäit vum ale Klouschterdeel restauréiert ginn. Zu gläicher Zäit ass vum Gerüst profitéiert ginn fir den Daach vum Tuerm iwwert der éischter Klouschterentrée nei ze decken.

 

2018 bis Abrëll 2019 sinn 10 Zëmmeren am Rez-de-Chaussée vum alen Deel restauréiert ginn. Verschidde Paren aus dem Dekanat Süd-Ost hunn déi Raimlechkeete gelount, sou dass zënter dem 1. Mee 2019 erëm méi Liewen am Klouschter ass. Deen Deel vum Klouschter, genannt “Kleng Bethlehem” huet eng separat Entrée an der Rue de l’Église, deen Accès, duerch deen d’Benediktinerinnen 1883 an hiert „Bethlehem” agezu sinn.

 

Ufank Summer 2019 ass ugefaange ginn d’Sanitäranlag an der Entrée vum Klouschter ze renovéieren. Dës Aarbechte sinn am September ofgeschloss ginn. An Januar gëtt nach de Gank, dee bei d’Sanitäranlag féiert restauréiert.

 

Aussemauer vum Klouschter

 

Enn Summer ass ugefaange ginn d’Mauer ronderëm d’Klouschter baussen a bannen ze restauréieren fir dass den ale Beworf net méi an d’Strooss fällt. 6Am November waren déi Aarbechten ofgeschloss.

 

Weider Restauratiouns- a Renovatiounsaarbechte si fir 2020 geplangt. De ganzen Daach vum rouden Zillebau soll 2020 nei gedeckt ginn - dat ass dee gréisste Projet, an och deen deiersten. Mee déi Aarbechte mussen onbedéngt gemeet ginn, well et am Moment op verschiddene Plazen era reent a virun allem den Daach vun der Kapell restauratiouns-bedürfteg ass fir dass d’Molereien an der Kapell net zerstéiert ginn.

 

Kapell

 
   

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Foto - ©D.S.

 

No dem Bau deen 1904 ugefaangen hat ass déi nei Klouschterkapell 1927-1928 vum Brudder Notker Becker aus der Benediktinerabtei Maria Laach a senge Schüler, nodeems se mat der Diddelenger Parkierch fäerdeg waren, mat benediktineschen an eucharistesche Motiver dekoréiert ginn.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Foto - ©D.S.

En Dépliant mat de Motiver aus der Klouschterkapell kënnt Dir Iech hei ukucken.

 

1933 konnt mam Geld vu verschiddene Spenderinnen a Spender den alen Harmonium vun 1903 an der Kierch duerch eng schéin Uergel vum Georges Haupt vu Lëntgen ersat ginn.

 

Fortsetzung ass nach am Opbau.